__________________________________________________________________________________

*  Iwwert 2 JOER KRICH an der UKRAIN *

 

Denkt  un  d'ukrainescht  VOLLEK, dat, nach ëmmer, ënnert dësem brutalen  an  ongerechte  Krich  leide  muss.

* DIREKT dëse grausame KRICH STOPPEN!

* ËNNERSTËTZT d'ukrainescht  Vollek!

__________________________________________________________________________________

 I N F O  ---  I N F O  ---  I N F O

----------------------------------------

Nei T-SHIRTEN fir d'Jugendequippen

De Kommitee vum 'HB Péiteng' an de Sposor 'NIA DOMO', vertrueden duerch den Här Eldin SOFTIC,  haten den Dënschdeg 30. Abrëll 2024 all d'Jugendspiller a -spillerinnen op d'Iwwerreechung vun neie T-shirten agelueden.

Jiddereen kruet ee gielen T-shirt an eng Titchen.

 

De President Jean-Claude Muller huet den aktive Memberen de Sënn vun dëser Aktioun erklärt an si opgefuerdert dësen T-shirt bei jidder Geleegenheet ze droen, besonnesch fir d'Matcher an Turnéieren.           Si weisen jidderengem esou, dat et an der Gemeng Péiteng een Handball Club gëtt an dat si aktive Member an dësem Veräin sinn.

 

Hien huet sech zum Schluss beim Sponsor, der 'Agence Immobilière NIA DOMO', fir dës flott Aktioun bedankt an dem Tom Molitor an dem Brigitte Knotek, déi fir d'Organisatioun vun dësem Fest zoustänneg waren, an dem Fotograf Mick Linden ee grousse MERCI ausgesprach.


Grouss HBP-FLYERAKTIOUN an alle Schoulklassen vun der Gemeng Péiteng


De Comité vum 'HB PÉITENG' huet, mat der Erlaabnis vum Schäfferot vun der Gemeng Péiteng, eng grouss FLYERAKTIOUN an alle Schoulgebäier vun der Gemeng gestart .

 

D'Schoulkanner aus allen Zyklen kréien dëse Flyer ausgedeelt.

De Flyer soll d'Schoulkanner fir d'Handballspill interesséieren an och Publizitéit fir den 'HB Péiteng' a fir den Handballsport am Allgemenge maachen.

 


 

Samschdeg 16. März 2024

------------------------------------

 

D'U 13 Mixtes-Equipe vum ' HB Péiteng ' no hirer Victoire (23 - 22)

 

géint d'U13 Equipe vum ' HB Diddeleng '.

 

Et war een haarde Kampf.


D'U 15 Jongen an d'U17 Meedercher vun der ' ENTENTE KORDALL ' krueten nei Uniformen gestëft

D'U15 Jongen-  an d'U17 Meedercher vun den ENTENTE-Equippen KORDALL spillen säit dem Januar 2024

an neien Uniformen, gestëfft vum Restaurant  ' L'ANGOLO DIVINO ' vun ZOLWER.

 

MERCI dem Sponsor fir dës Ënnerstëtzung!

 

D'ENTENTE-Equippen KORDALL setzen sech aus Spiller/-innen vum ' HB RED BOYS Déifferdeng ' a vum           ' HB PÉITENG ' zesummen.


D'HBP-Kanner um U11-Turnéier beim HB Bieles (17.12.23)


D'HBP-Kanner um U11-Turnéier beim HC Bierchem (03.12.23)


FLH -Turnéier fir U11 Equippen zu Diddeleng 26.11.23)

U11-Kanner vum  'HB Péiteng '


 

D' RTL LIVE ARENA iwwerdréit d'MATCHER vun der Handball AXA LEAGUE.

 


* NEIEGKEETEN *

 
 
 



Aktualiséiert Informatiounen zum CORONAVIRUS (COVID-19)

liesen op:  Direction de la Santé